Freides, de 25 Mä stung ganz am Zääche vua Fairtrade.

D’Kanner ous der Kannervilla „Gepëppelte Mëmmel“ an der Maison Relais an di Jugendlich ous dem Veiner Jugendhous haten zesome mam Team ous der Jugendherberg e ganzen Dag ronderëm de Sujet „fairen Handel“ organisiert.
Los gung et moies um 10 Auer an der Maison Relais mat er kuerzer Aféierung an de Sujet duerch zwu Vertriederinne vua „Fairtrade Lëtzebuerg“. Dorno hon di eenzel Gruppen sich op de Wee gemaach, fir op 5 Statiunnen a Veinen di verschidenste Fairtrade-Produkter am Spill ze entdecken. Et guf geschmaacht, getaast, geréicht, gespillt a vill Neies an Interessantes iwert de fairen Handel geléiert.
Am Gingkopark vuan der Kannervilla hon d’Leit ous der Jugendherberg Gegrills a fairen Icetea zerviert an als Dessert konnten d’Kanner selwer en Uebstspiiss mat fairem Schokela maachen. Am ale Kino guf e kuerze Film zum Thema „faire Schokela“ gewisen a verschiden Zorte Fairtrade-Jus geschmaacht.
Den Ofschloss vuam Dag war am Jugendhous, wu d’Kanner mat faire Fussbäll gespillt hon an hiren Elteren hir selwergebake Fairtrade-Muffins offriert hon.

Et war e flotten Dag fir all déi di matgemaach hon, a sécher net di leetzt gemeinsam Aktiunn zu dësem wichtigen Thema.