Den 26. Oktober 2019 em 16:00 Auer,
Am mageschen Ambiente zu Veianen am Schlooss sidd dir och dëst Joer häerzlech op eis Halloween Party agelueden, déi vun der Veiner Elterevereenegung fir Kanner ab 2 Jaar organiséiert gëtt.
Um 16h geet et lass bis 20:00h. D’Entrée ass 7 Euro fir di Erwuessen an 5 Euro fir d’Kanner. Am Präis mat dran sinn lauter Animatiounen fir d’Kanner esou wéi den Rondgang duer d’Schlass, et ginn 2 Führungen eng um 17h (fir déi méi kleng -8) an eng um 17:45h (fir déi méi grouss 9+) gemaach. D’Gruselgeschicht gëtt op Lëtzebuergesch erzielt.
Kommt eis magesch Kreaturen kenneléieren déi just fir dëst gruseleg Geleënheet am Schlass op Besuch sinn.
Gedrénks, Kannercocktailen, Kürbiszopp, Wirstecher asw. kritt een am Schlasskeller ze kafen. D’Elteren hunn d’Opsiicht vun hieren Kanner.
Nëmmen mat Umeldung per SMS Tel: 691 646 260 – 691 461 050