De Naturpark Our invitéiert de 27.02.2019 um 19:00 Auer an den Ale Kino zu Veianen (www.anciencinema.lu) fir e partizipativen Diskussuiounsowend iwwer d‘Phänomen vun der Liichtverschmotzung.
Wat ass Liichtverschmotzung? Wat sinn hir Konsequenzen?
Wéi akut ass dës Problematik wierklech?
Wat kann jiddereen dogéint ënnerhuelen?
Dësen an aneren Froen kënnt Dir zesummen mam Nynke-Rixt Jukema, Architektin aus Friesland an Initiatorin vum europäesche Projet NIGHT LIGHT an dem Dr. Lukas Schuler, Präsident vun Dark Sky Switzerland op de Grond goen.
Maacht mat bei dësem geselleschen Owend mat ville flotten Erfahrungsberichter an garantéiert neien Andréck iwwer eisem Ëmgang mat Luucht, der Nuecht an dem Stärenhimmel.