Nom Erfolleg vum « Waka-Tanka » am Joer 2015 hunn d’Veiner Schoulkanner am Juni dëst Joer zesumme mat der Veiner Musik mat den « Ourdall-Piraten » ee weidere flotte Musical opféiere kënnen.
Sou ee Mammut-Projet erfuerdert vill Organisatioun an Hëllef vun alle Säiten, wat bedéngt huet, datt déi letzt Wochen a Méint net nëmmen an der Schoul mee och wärend de fräien Nomëtteger fläisseg geprouft, gesongen a gedanzt gin ass. Et goufen Texter auswenneg geléiert, Rollen astudéiert, Choreografien ageübt a gläichzäiteg och vill gelaacht a sech ameséiert.
E risegt Pirateschëff huet als Bün gedéngt, déi vu ganz ville fläissegen a motivéierten Hänn zesummegebaut gouf. Säit Päischten hunn d‘Elteren, d‘Léierpersonal a souguer d’Schoulkanner sech am Kulturzenter Larei getraff fir hiert Pirateschëff gemeinsam opzeriichten.
Um Enn vum Schouljoer war et dunn endlech un deene klengen Ourdall-Piraten, de Schoulklassen aus den Nopeschgemengen vun der Regionaldirektioun Dikrech hir Geschicht vum Heng, dem couragéierte Pirat, z’erzielen. Och konnten d’Famillen a soss all Virwëtzegen sech d‘Piraten ukucken an ulauschtere kommen. D’Schoulkanner, begleet vun der Veiner Musik hunn an engem fantastesche Kader all Erwaardungen iwwertraff an d’Visiteuren hu mat Komplimenter net gespuert.
An enger Ofschlossusprooch vum Schoulpresident kruten all d’Acteuren, déi zum formidable Succès vum Musical bäigedroen hunn, ee grousse Merci ausgeschwat an an Aussicht gestallt, datt an de kommende Joere mat Sécherheet nees sou e pedagogesch wäertvolle Projet iwwert d’Bün wäert goen zu Veianen.
Philippe Herman