(Ried zum Nationalfeierdag 2020, ennert den besonnigen Emmsteen vuan der Covid-19-Crise / Claude Tonino, Buergermäster)
Leif Veiner,
wann mir uan Nationalfeierdag dinken, sënn is Gedanken als allerischt beim Grand-Duc an seiner Famill. Haut feiere mer symbolisch den Großherzogsgebuertsdag an erënneren esu druan, dass den Grand-Duc Henri uan der Spëtzt vuan isem Land städ. Mir dinken awer och nooch en Kéier uan den Grand-Duc Jean, séin Papp, dän is viruan em Jor verloss hott. Och uan hän wëlle mer is haut nooch en Kéier erënneren.
Wann mir uan Nationalfeierdag dinken, kommen is awer och all di Werter an den Sënn, dí is Gesellschaft ousmaachen: d’Freihät, d’Solidaritéit, is Hämicht an de Respekt zu éisen Matmënschen.
D’Freihät ass eepes wat nët selbstverständlich ass: den 12. Februar dëst Jor honn mir is dorfir all nooch en Kéier doruan erënnert. Mat äner wierdiger an beweegender Feier honn mir zesomen mam Grand-Duc Henri, dänen 11 Zaldoten gedocht, déi fir is Freihät viruan 75 Jor hei zu Veinen gestuerwen sënn.
Is Solidaritéit guf dunn, kuerz dorno, am März op d’Prouf gestallt, wi op ämol en Virus, dän mir di Mint virdruan nëmmen ous den Noorichten kannt honn, sich och an Europa an bis op Lëtzebuerg verbräd hot an is Gesellschaft esu gefuerdert hott, wi mir, déi mi junk Generatiunnen, daat bis dohinner nët kannt honn.
Vuan äm Dag op dän aneren honn mir allegor is Gewuanichten missen eeneren, an ist Liäwen signifikant missen emsteelen. Is Regierung hott missen déifgréifend Mesuren hollen. D’Gemänen an hir Bierger honn an äm grussen solidarischen Effort déi Contrainten emgesat…
Bis Haut stinn mer zesomen an dëser schwieriger Zéit, déi noch nët eriwer ass.
Hei zu Veinen honn mir zesomen mat den Gemänenmatuarbichter, den Gemänenbeamten, dem Schullpersonal an dem Gemänerot all di Mesuren ëmgesat, déi am Interessi vuan der Gesondhät vuan is allegor honn missen geholl gän. Op dëser Plaz wëll ech dorfir allen Leit merci soen, déi sich exemplarisch an den Déinst vuan iser Gesellschaft an an den Déinst vuan iser Stad gestallt honn.
Mä di Crise ass leider noch nët iwerstanen an wärt nooch weider Effor’en vuan is verlaangen, dänen mer nëmmen am Respekt an an Solidaritéit, än vis à vis vuan däm aneren, kënnen begeenen. Dorfir ass dësen Dag esu wichtig, fir is ze weisen, dass mir nëmmen zesomen, än fir dän aneren – an nët geent enän- kënnen en Natiun sënn … , en Gemeinschaft sënn… an dat och iwert is Grënzen erous.
Wi vulnerabel is Gesellschaft ass, hot is dës Crise och gewiesen, nët nëmmen op dem gesondhätlichen Plang, mä och an der europäischer an internationaler Politik.
Wän vuan is heet virun 3 Mint gedocht , dass vuan äm Dag op dän aneren d’Grënzen zu isen Noperen zouginn an mat Waffen an Spären verbarrikadiert giifen. Dat hot is viruan Aan gefouert, dass national Gedanken Gëft fir is frei Gesellschaft sënn, an dass mir mussen all Dag fir “ist Europa” anstoen, dass mir mussen Ligener an Brandstëfter d’Stier béiden.
Et hot is och gewiesen, ewi sier Leener noch just no sich selwer kucken, an ewi aktuell an awer och kontrovers di Wieder “Hämicht” an “Fréihät” sënn.
Den Schäffen- an Gemänerot wollt dorfir haut mat dëser Feier, och wann se situatiunsbedingt an mi em klänen Kader ofgehalen gët, en Zächen seetzen. Is klän Stad ass en goud Beispill wi Mënschen ous verschidenen Leener, Kulturen an Philosophien kënnen goud zesomen an Friden liäwen…
Ech hoffen, dass mir allegor eepes ous dänen leetzten Mint geleiert honn, am Hinbléck op is gemeinsam Werter, is Hëllefsberätschaft an ist Verständnis vis à vis vuan ise Matbierger. Am Feierwôn häscht et: „Mir wëllen bleiwen wat mir sinn“ … mä fir kënnen ze bleiwen wat mir sinn, musse mer is weider entwickelen an zesomen no vir kucken, zesomen mat all isen Matbierger. Lëtzebuerg ass en Land vuan ville Sproochen an Kulturen. Lëtzebuerg guf enner anerem och gegrënnt, fir Friden ze schafen an Europa. An dofir sollen mir isen Noperen och weider en wegweisend Beispill sënn.
Léif Veiner,
Erlaabt mer zum Schluss, haut, op Großherzogsgebuertsdag dem Grand-Duc an seiner ganzer Famill an ärem Numm éisen déiwen Respekt an is oprichtig Dankbarkät ouszespreechen, verbonnen mat isen besten Wënsch.
Ech wënschen Eech allegor en schinnen Nationalfeierdag an vill schinn Momenter mat dänen Mënschen, déi eech wichtig sënn.
Vive den Grand-Duc!
Vive di Großherzoglich Famill!
Vive Lëtzebuerg!
Vive Veinen!
