ALUADUNG fir dën Johannes-vuan-Matha-Daag
(Generalversammlung)
ë Samsdig dën 10. Februar 2018 ëm 16:00 Auer om Veiner Schlooss
Dagesuerdnung:
1. Virprogramm: Dänen vuan eech déi ët nooch nët geséien hoan proposieren mir ën Besichtigung vuan dem neien „projet muséologique“ om Veiner Schlooss. Treefpunkt: Schloosstavern ëm 15:00 Auer
2. 16:00 Auer: Begréissung fir den offiziellen Däl vuam Johannes-vuan-Matha-Daag am Schloosshof béim Grossherzog seinem Nëssert
3. mir gin dann an dë Keeler , do gët dann geschwaat an gewiisen waat ësu geschwaat an gewiisen gän muss.
fir sëcher zë goën dass mir genouch Gedrinks an Schnittercher aléen, wier ët goud wann dier iis kënnt Beschäd soën zu wivill dier kommen wëllt.
Fir milites viennenses,
Josy Bassing
Herold