Thema vum Mee – vol.1
Büro-Kichen
Frigo, Kaffismaschinn, Wasserkocher, Mikrowell, Kachplack – An enger Büro-Kiche gëtt net nëmme Kaffi gedronk ma och Energie verbraucht. Déi wichtegst Froen, déi een sech hei stelle soll, sinn déi folgend: Wéi ginn dës Geräter genotzt? Ginn dës Geräter richteg amstand gehalen? Gëtt et beim Neikaf keng méi spuersam Alternativ?
Geräter gemeinsam notzen
(Sharing Economy)
Frigo, Kaffismaschinn, Waasserkocher a Mikrowell kënne ganz einfach mat Aarbechtskollege gedeelt ginn!
Virdeeler:
- Energieerspuernis (virun allem beim Frigo, dee permanent Stroum brauch)
- Plaz spuerend
- Eng Méiglechkeet sech “zoufälleg” ze treffen a sozial Kontakter ze fleege bzw. sech auszetauschen
- Reduzéierten Ënnerhalt well manner Geräter ënnerhale musse ginn
Stroumspuertipps
Kaffismaschinn
- Eng Filterkaffismaschinn mat Warmhaltefunktioun brauch vill Energie. Méi sënnvoll ass et de Kaffi an enger Thermoskan iwwert e längeren Zäitraum waarm ze halen. Et gëtt och Filterkaffismaschinnen, wou de Kaffisbehälter schonn eng Thermoskan ass.
- Kaffisvollautomate sollen onbedéngt mat engem Energiespuermodus equipéiert sinn. Wann den Energiespuermodus net aktivéiert ass, gëtt d’Waasser reegelméisseg erhëtzt an dëst verbraucht onnëtz Energie.
- Eng Kaffismaschinn ouni Energiespuermodus (Typ Senseo a co) sollt no der Notzung direkt vum Netz geholl ginn (Stecker zéien).
Wasserkocher
- Waasser fir Téi an och eng kleng Quantitéit “Kach-Waasser” soll am beschte mat dem Wasserkocher (vir-) geheizt ginn, dëst geet méi schnell an domadder méi energiespuerend wéi mat enger traditioneller Kachplack
- Net méi Waasser wei noutwendeg zapen, sos geet d’Zäit bis d’Waasser waarm ass an den Energieverbrauch onnéideg an d’Luucht.
- E Wasserkocher sollt reegelméisseg entkallekt ginn, dëst erhéicht d’Liewensdauer vum Gerät (+/- all dräi Méint mat Esseg, Essegessenz oder Zitrounensaier entkalleken)
MEI INFOEN OB: